2015-06-04

14/11/2012 RTL.LU

Back on the list of news

LIMSA: HAUSSE VU MINDESTSTEIER FIR D'SOPARFIEN ASS EE FEELER Wann d'Mindeststeier fir d'Soparfien esou an d'Luucht geet, ewéi dat am Gesetzprojet fir de Budget 2013 virgesinn ass, verléiere mir Clienten, sou d'Limsa. Dat si Clienten, déi wahrscheinlech och net méi op Lëtzebuerg zeréck kommen. Dat bedauert d'Limsa. Fir un ze fänken awer emol eng kuerz Erklärung, zu deem wat d'LIMSA genee ass a mécht, vun hirem President Carlo Schlesser: 2004 ass d'Limsa vun de 15 gréissten Trustgesellschaften, déi am Beräich Comptabilitéit an Administratioun vu Societéite schaffen, gegrënnt ginn. 1.370 Leit sinn hei beschäftegt an d'Limsa huet elo 21 Memberen. Fir dann op d'Doléance vun där Gesellschaft zeréck ze kommen: D'Mindeststeier fir Soparfien géing ëmmerhinn zanter hirer Grënnung virun 2 Joer dem Gesetzprojet fir de Budget 2013 no ëm 104% klammen, sech also quasi verduebelen. De Calcul vun der Regierung wier falsch, et wier een elo am Verglach mam Ausland net méi am Marché, sou de Carlo Schlesser. Domatter riskéiere mer, eng ganz Partie Betriber ze verléieren, déi dann am Ausland ebe besser Konditioune gebuede kréien. Et géifen dernieft aner Sekteuren dodrunner hänken. Zum Beispill géifen déi meescht Gesellschafte vun Affekote-Bureaue gegrënnt ginn. Déi Hausse vun der Mindeststeier géing ee Secteur hei zu Lëtzebuerg concernéieren, deen den Ament 2.400 Persoune beschäftegt, an dee sech mat ronn 630 Milliounen Euro d'Joer un de Staatsrecetten bedeelegt. _______ Interview RTL Télé – 14/11/2012: (à copier dans votre browser internet) http://tele.rtl.lu/waatleeft/replay/v/20121114/81/2981075

Télécharger le PDF